Buch

KrixKrax

De Kinnek ass krank a kee weess sech Rot, dofir gëtt schnell d’Hex Krixkrax gefrot. An melodesche Reimen erzielt den Auteur Marc Weydert Geschicht vun de Bewunner*innen vum Kinnekräich op hirer Rees fir d’Hex ëm Hëllef ze froen.

Wéi si schlussendlech an den Tuerm ouni Dier an Trape kommen, musst Dir selwer liesen. An och niewent der moralräicher Erzielung gëtt et an de wonnerschéinen Aquarellillustratioune vum Patty Thielen nach ganz aner Elementer an Detailer ze entdecken, déi hier ganz eege Geschicht erzielen. Krixkrax huet 2025 de Buchpräis an der Kategorie Kanner- a Jugendbuch an de Publikumspräis gewonnen.

Leslie Fischbach, Medienpädagogin in der EwB

Autor:
Marc Weydert
Veröffentlichung:
2025
Herausgeber:
Perspektiv Edition,
Seitenanzahl:
31
Genres:
Für die Kleinen, Kinder