Virstellung vum KI Kompass
Info-Owend
De KI Kompass ass déi national Strategie vum MENJE + SCRIPT fir d’Begleedung vum Asaz vu Kënschtlecher Intelligenz an de Schoulen. Et ass sou eppes wéi e Weeweiser fir de Bidlungssecteur, fir d’Kënschtlech Intelligenz net just technesch, mee och pedagogesch sécher anzesetzen. Zugläich ass de KI Kompass awer och déi national Plattform (ki-kompass.lu) wou een all d’Informatiounen ronderëm d’Strategie, d’Tools, den pädagogeschen Asäz oder aneren Aspekter fënnt.
D’Daniela Hau (SCRIPT, division de l’innovation pédagogique et technologique) kënnt an d’EwB, fir d’Funktiounen an d’Iddi vun der neier Plattform ki-kompass.lu virzestellen. No enger Intro a Presentatioun ass Plaz fir kritesch Froen a Feedback ronderëm déi praktesch a pädagogesch Uwendung vun der KI Strategie zu Lëtzebuerg.
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luLanguage:LU/DE




